Moien,
Ech sinn d’Annemarie, Mama vun 2 wonnerbare Kanner (gebuer 12/2021 am Spidol um Kierchbierg an 11/2023 Doheem), bestuet a liewe mat menger Famill zu Garnech.
Ech sinn Droberoderin, Doula a ginn Hypnobirthing Kueren.
Schwanger Fraen a jonk Mamme ganz individuell ze begleeden ass en Häerzensthema fir mech an d’Droe gehéiert do a mengen Aen einfach derzou.
Ech konnt déi vill Virdeeler vum Droe bei mengen eegene Kanner erliewen.
Ech hu mäi Bouf reegelméisseg gedro (Droduch an Drohëllef) bis en ongeféier e Joer hat, an duerno nach sporadesch. Och Haut mat bal 3 Joer wëll hien ëmmer mol rëm gedroe gi (virun allem wann e midd oder krank ass).
Bei mengem Meedche war d’Droen aus dem Alldag net méi ewech ze denken. Mat zwee klenge Kanner, déi net grad 2 Joer Altersënnerscheed hunn, huet d’Droe mer den Alldag immens erliichtert. Mäi Meedche kritt lo e Joer a gëtt reegelméisseg vu mir a mengem Mann gedro (am Duch, Drohëllef, Ringsling ; wat ebe grad passt).
Sou huet sech bei mir eng richteg Passioun fir d’Thema Droen entwéckelt.
Säit dem Summer 2024 sinn ech zertifiéiert Droberoderin vun der Trageschule Hamburg.
Ech hunn e Stock un Drodicher an Drohëllefen opgebaut fir an der Berodung genau déi richteg Drohëllef fir all Mamm/Papp ze fannen. Den Detail fënns de hei : https://natierlech-mama.lu/lb/stock-drodicherdrohellefen_30 .
Ech hu mer e Raum doheem ageriicht fir d’Berodungs-Elteren ze empfänken. En ass net grouss mee dofir hunn ech probéiert en sou gemittlech wéi méiglech anzeriichten. Hei kanns de der dee Raum ukucken : https://youtu.be/8yDUrm3r7Zc .
D’Berodung kann awer och bei dir doheem gemaach ginn.
Ech bidden d’Berodungen am 1 :1 un an ab 2025 och Gruppe-Kueren.
Wanns de reegelméisseg Infos zum Thema Droe wëlls a wësse wëlls wéini d’Gruppe-Kuere sinn, follow mer einfach op Facebook an/oder Instagram.
Meng Philosophie vum Droen : EINFACH, SÉCHER, BEQUEEM