European Babywearing Week 2018
14.03.2018
Trëppeltour Drotreff
organiséiert vun droen.lu fir déi europäesch Babywearingweek den 13. Mee 2018
Treffpunkt: am Sall um Camping Galgebierg zu Esch
- 10h00: éischten Trëppeltuer duerch den Déierepark
- 12h00: Picknick am Sall um Camping; Jidderee bréngt säin Iessen a Gedrénks mat.
- 13h00: Zéiung vun eiser Super Tombola; Ticket 5€ duerch Iwwerweisung op de Konto vun droen.lu: CCPL LU32 1111 7047 2621 0000 Ze gewanne ginn et Drodicher, Drohëllefen an alles ronderëm Droen (méi dozou op eiser Facebook Säit).
- 13h00: Poppendroworkshop
- 14h00: zweeten Trëppeltour
Umellung bis de 5. Mee 2018 op <http://droen.lu/index.php?include=email&?q=WUV7W05SE0hxUFpCWClmRENzQmU-3D_37>