Grundsätze

1. Qualitéitsstanderd vun Droen.lu

Droen.lu steet fir Droberodungen vun héicher Qualitéit, individuell un den Droenden an d'Kand ugepasst. All Beroderin vun Droen.lu huet eng speziell Ausbildung an enger Droschoul gemach: Clauwi-Trageschule, Trageschule Hamburg, Trageschule NRW, Didymos, “Association des montrices de bébéportage PSETUA”... D'Beroderin huet mindestens d'Prüfung vun dëser Schoul bestanen. Den Zertifikat (Ofschloss vun der Ausbildung als Droberoderin) soll vun allen Beroderinnen vun Droen.lu ugestriewt ginn. Regelméisseg Fortbildungen vun den Beroderinnen si gewënscht an a villen Droschoulen Pflicht.

Am Sënn vun der regelméisseger Weiderbildung treffen mir ons 3-4 mol d'Joer fir ons auszetauschen an verschidde Bindeweisen ze üben oder Drohëllefen ze testen. Präsenz bei mindestens engem vun deenen Treffen (Stammdëscher) am Joer ass obligatoresch.

Dës Stammdëscher kënnen géint en Onkäschtebeitrag vun 5€ och vun Droberoder, déi net Member vun droen.lu sinn, besicht ginn. Umeldungen op <http://droen.lu/index.php?include=email&?q=XBRnWVgCEH1jAHpFUSJgWQgcU1Y5TWM-3D_37>

2. Teamwork ënnert den Beroderinnen

Eng raisonnabel Waardezäit fir Droberodungen:

Wien e vollen Terminplan huet, gëtt d'Donnéeën vun deenen anere Beroderinne raus, fir dass de Client zäitno zu enger Berodung kënnt. Berodunge solle weidervermëttelt ginn, wann een se selwer net unhuele kann. Wann eng Beroderin nët wees u ween si eng Berodung weidergi soll, kann dëst am Austauschgrupp (Grupp op Facebook just fir d'Droberoderinnen vun droen.lu) gefrot ginn.

 

Choix vum Client wou hien seng Drodicher an Drohëllefe keeft:

D'Beroderinne sollen ëmmer d'Adresse vun den lokale Butteker hei am Land uginn an d'Hierstellershops um Internet. Esou huet de Client d'Wiel wou hien akafe well.

3. Verhalenskodex vun den Droberoderinnen

D'Beroderinne maache KENG Berodung ouni Optrag.

An den Drogruppen op Facebook oder an den Foren soll de Flyer oder Droen.lu gepost ginn, wann een em Hëllef oder fir eng Berodung freet. De Client kann sech da selwer eraussiche wéi eng Beroderin hie kontaktéiert.

Schoulbedingte Meenungsverschiddenheeten iwwert Recommandatiounen oder Bindeweisen diskutéieren d'Beroderinnen am Austauschgrupp, net ëffentlech.

Bei Second Hand Verkaaf missionéieren d'Beroderinnen NET, wann onphysiologesch Drohëllefen verkaaft ginn.

Informatiounen iwwert Droevents an Gruppenkursen kënnen an de verschiddenen Drogruppen gepost ginn. Reklamm fir seng perséinlech Droberodung an iwwerméisseg Reklamm fir eng aner Droberoderin ass net erlaabt, well et d'Wielméiglechkeet vum Client begrenzt.

Gëtt eng Droberoderin den Numm vun enger anerer Beroderin op Facebook un, soll dësen “markéiert” sinn, fir dass si dorop reagéiere kann.

D'Beroderinne solle professionell optrieden an hunn eng gewëssen Virbildfonktioun.

Dat wat si schreiwe sollt Kapp a Schwanz hunn a gutt iwwerluecht sinn. Si sollen duerch Professionalismus opfalen an domat kloer en Ënnerscheed weisen zu Mammen, déi posten et sollt een dach bei si laanscht komme fir Droen ze léieren.

D'Berodungen sollen op der Adress stattfannen, déi op Droen.lu ugin ass.

4. Homepage Droen.lu

D'Onkäschten fir Domain an Hosting vun Droen.lu ginn duerch all d’Beroderinnen gedeelt. Dëst geschitt duerch de Membersbäitrag vun der asbl. Wien säin Deel net bezillt, gëtt vum Flyer an der Homepage rofgeholl. All Beroderin déi op Droen.lu steet, erklärt sech automatesch domat averstaanen dee Bäitrag ze bezuelen.

All Beroderin as fir d'Iwwerpréifung, den Inhalt an d'“Mise à jour” vun hieren perséinlechen Donnéeen zoustänneg.

Wann eng nei Beroderin wëll um Droen.lu opgelëscht ginn, ass et un hier fir déi Responsabel ze kontaktéieren. Sie muss dës Grondsätz acceptéieren, an dat och weisen an deems sie se ënnerschreiwt an sech drun hält.

Opgelëscht ginn just Droberoder, déi zu Lëtzebuerg wunnen an sech un d'Grondsätz halen. Eng Memberschaft an der asbl ass dee Moment Pflicht.

Nei Beroderinnen huelen Kontakt mam Anouk Leunenberger-Wagener an Félicie Wietor op. De Candidat kënnt sech mat Dropopp, Droduch a Sling an eng Comitéssëtzung virstellen a liwwert en Abléck a seng Kompetenz of. Durno décidéiert de Comité hannert zouenen Diren op déi Prestatioun de Qualitéitsuspréch vun droen.lu gerecht gëtt. De Candidat kritt spéidstens 14 Deeg drop d‘Entscheedung schrëftlech matgedeelt.

Et sierf bemierkt, dass am Artikel 6 vun de Statuten steet, dass de Comité en neien Member muss unhuelen, rsp dierf ouni Begrënnung refuséieren.

 

 

 


Wanns du zu Lëtzebuerg wunns, eng Ausbildung als Droberoderin gemaach hues, d'Prüfung gepackt hues, dës Grondsätz gelies hues an domat averstane bass an wëlls op Droen.lu opgelëscht ginn, da mell dech op <http://droen.lu/index.php?include=email&?q=Rg5gW3USC2FlBhRNVlY5TWM-3D_37>. Schéck w.e.g e Scan vun dengem Diplom ran an deng Coordonnéeën.