WIETOR Félicie

Zertifizéiert: Trageschule ClauWi ®
Tel.: 661 622 064
Sproochen:
Coursen: Initiativ Liewensufank
Adress: Initiativ Liewensufank MaPaKa-Treff
(Untergeschoss Schule)
1, rue de Bastogne
L-9154 Grosbous
Adress: Initiativ Liewensufank
20, rue de Contern
L-5955 Itzig
map

Mäin Numm as Félicie Wietor. Ech sinn Mamm vun 4 Kanner (04/2008, 10/2011, 05/2015 an 12/2018) a vun Beruff Hiewan.

Als Hiewansschülerin hunn ech déi éischte Kéier eng Popp an en Droduch gebonnen. Mäin éischt Kand huet d'Droen vill gebraucht an mat him hun ech erliewt, ewéi gutt sech d'Droen ufillt an ewéi vill et am Alldag hëlleft. Mäin Jong as méi grouss an d'Droen as een wichtegen Anker fir eis bliwwen. D'Banntechniken hun gewiesselt an d'Dicher sinn méi ginn. Droen um Réck mat mengem aktiven Kand huet mech virun eng grouss Erausfuerderung gestallt. Ech hun am Internet no Léisungen gesicht an hun Informatiounen iwwer Droberoderinnen fonnt. Dunn koum mir d'Iddi, méi iwwert Droen ze léieren an dëst aneren Elteren weider ze ginn.

2010 hun ech d'Ausbildung als Droberoderin an der Clauwi-Trageschule an Däitschland gemaach an hunn déi e Joer méi spéit mat Zertifikat ofgeschloss.

No der Gebuert vun mengem zweete Kand hunn ech eng Zäitchen fräiberufflech geschafft. Säit kuerzem schaffen ech bei der Initiativ Liewensufank als Hiewan an Droberoderin. Donieft sinn ech och an der Stëllberodung, Stoffwëndelberodung an Babyhotline aktiv.

Et mécht mir vill Freed, d'Elteren een Stéck op hirem Wee ze begleeden an sie ënnerstëtzen ze kennen.