WEYLAND Danielle

Geprüft: Trageschule Hamburg
Sproochen:
Coursen: congé de maternité bis den 11.2018
Adress: 12, rue du Château
L-7473 Schoenfels
map

Moien,

ech sin d’Danielle!

Ech sin Hiewann, an schaffen séit 2008 als ‚temps plein’ souwuel an der Salle d’accouchement, als och op der Maternité. Eis Clinique bidd och Gebuertsfirbereedungscouren mat un, déi och emer mol nees vun mir oofhaale gin.

Een wichtegen Deel vun enger Hiewann hierer Arbescht ass et, d’Leit z’informéieren an hinnen en secher d’Gefill z’ iwermëttelen! Dëst souwuel an der Schwangerschaft, während der Gebuert, wéi och duerno am Post-Partum, d.h. di éischt Deeg no der Gebuert!

Droen huet mech vun Ufank aus uns begeeschtert. Oofgesin vun deenen praktechen Firdeeler, hun ech et nach emer wahnsinneg schéin fonnt, wann Elteren hiere Kanner ganz no wollte sin! Ausserdem gefällt et mer, dat och Pappen aktiv mat integréiert kene gin.

Den 1. richtegen Reiz fir eng Ausbildung als Droberoderin ze man, krut ech vun menger deemoleger Arbechtskollegin, dem Félicie. Hatt huet mer d’Droen méi no bruecht, andems et seng Kanner ganz vill gedroen huet an séin Wëssen och un aner Arbechtskolleginnen weidergin huet.

Ab dem Moment war ech eigentlech décidéiert den Elteren d’Droen méi no ze brengen!

2013 hun ech meng Ausbildung bei der ‚Trageschule Hamburg’ gemach an schaffen séitdem niewelanscht als Droberoderin!

Ausserdem hun ech en Basiscours an der Kinästhetik Infant Handling, Basale Stimulation und Aromapfleg gemach!

Ech freen mech op eng schéin Zusummenarbecht mat iech an ären Butzen =)

Zousatz Info:

Wéinst menger Arbecht mat den 3 Schichten, sin ech am Einfachsten per SMS oder e-Mail z’erreechen an machen och dowéinst d’Berodungen nëmen bei mir doheem.

Merci an hoffentlech bis geschwen!