STREITZ Eliane

Certified: Trageschule ClauWi ®
Tel.: (+352) 621 389127 / 36 05 98 (Babyhotline - Initiativ Liewensufank)
Languages:
Courses: bei der "Initiativ Liewensufank"
Adress: 20, rue de Contern
L-5955 Itzig
map

Moien, ech sinn d’ Eliane.

Ech gouf am August 1968 gebuer an hunn dräi Kanner (1995 / 1997 / 2003). No menger Ausbildung zur Doula 1996-1997 hunn ech bei der Initiativ Liewensufank ugefaangen mat schaffen. Am Laf vun den Joeren hunn ech weider Ausbildungen an Fortbildungen gemeet a ginn zanter dem Joer 2000 Gebuertsvirbereedungscouren, maachen regelméisseg Stëllberodung, Telefonsberodung, Krisenbegleedung a vun Ufank un och Droberodungen. Meng dräi Kanner hunn ech vill a gären gedroen. Et war besonnesch awer mäin Zweeten, deen immens vill Kierperkontakt gebraucht huet an ech weess net wat ech ouni mäin Droduch gemeet hätt, schliisslech hat seng Schwësterchen deemools och eréischt 20 Méint. Nëmmen mat deem Jéngsten am Duch hat ech zwou Hänn fräi, war mobil a konnt mengen zwee Kanner a mir gerecht ginn. Mäin Drëtt koum 6 Joer méi spéit no, déi aner waren schonn an der Schoul an och an där Zäit war mäin Droduch onverzichtbar. Haut si meng Kanner grouss an ech kann aus Erfahrung soen, datt et gutt, richteg a wichteg war op mäin Gefill ze lauschteren an net op déi, déi gemengt hunn ech géif meng Kanner duerch Droen verwinnen an sie zevill u mech bannen.

Vill Kierperkontakt zur Mamm an/oder dem Papp ass fir d’ Kanner esou wichteg wéi Iessen a Schlofen an een Duch oder eng gëeegent Drohëllef ass eng Investitioun déi sech lount.