KRISCHLER Tanja

Geprüft: Trageschule Hamburg
Tel.: 691 679 936
Sproochen:
map

Moien, mäin Numm ass Tanja, ech sënn Mamm vun 3 Kanner (08/16; 10/18; 05/20) a vu Beruff Infirmière en pédiatrie op enger Maternité.

Meng Formatioun zur Droberoderin hunn ech bei der Trageschule Hamburg gemaach (geprüft seit 2015 an zertifizéiert seit 2017).

No der Gebuert vu mengem éischte Meedchen war ech dankbar direkt alles gekonnt uwenden ze kënnen. Hatt huet di 1. fënnëf Méint immens vill gekrasch an di eenzeg Entlaaschtung fir eis zwee war d'Droduch. Et war e gudd Gefill ze wëssen datt mir doduerch suwuel nach eis Bindung stäerke -, wéi och nach seng Entwécklung fördere konnten.

Beim zweete Kand huet d'Droen mir den Alldag mat 2 Butzen extrem erliichtert. Ech hu mech dunn och zimmlech fréi un d'Réckendroe rugetraut einfach fir zwou Hänn fir dat Grousst fräi ze hunn an och mol eppes am Haushalt emgerappt ze kréien. Des öfteren hunn ech si och Tandem gedroen.

Dat Drëtt huet ewéi seng Geschwëster am Droduch gewunnt.

Ech berode bei mir Doheem, fueren awer och an engem Ëmkrees vun 35km bei d'Leit Heem.

Ech ging mech freëe meng Freed um Droen a mäi Wësse mat eech ze deelen.