REINARD Lynn

Geprüft: Trageschule Hamburg
Tel.: 691 874 171
Sproochen:
Coursen: beim Client doheem
Adress: 7, rue de Noertzange
L-3315 Bergem
map

Moien mäin Numm ass Lynn,

an ech sinn 1993 gebuer, an vun Beruff Hiewann.

Momentan sinn ech Ganzzäit als Hiewann zu Esch an der Maternité ugestallt, wou ech an der Salle d’Accouchement ewéi och am Post-partum schaffen. Ausserdeem halen ech och mat vill Begeeschterung Virbereedungscoursen fir zukünfteg Elteren.

An menger Ausbildung hunn ech mech déi éischte Kéier mam Thema Droen befaasst, wat mech direkt begeeschtert an faszinéiert huet.

Ech selwer hunn fir den Moment nach keng Kanner mee duerch meng Aarbecht an mäin Ëmfeld ginn ech ëmmer méi op Droen ugeschwat. An eiser schnell liewender Gesellschaft ass souwuel Drohëllef wéi och Droduch eng flott Méiglechkeet den Alldag ze bewältegen an dobäi béid Hänn frei ze hunn an awer d'Bindung mam Puppelchen ze stäerken.

Dowéinst hunn ech mir geduecht, dass et un der Zäit wier fir eng Ausbildung zur Droberoderin ze maachen, fir dass ech eng sécher Basis hunn fir den Mamen an Pappen mäin Wëssen weider ze vermëttelen.

Ech hunn meng Ausbildung bei der ''Trageschule Hamburg" gemaach an sinn zënter dem Dezember 2019 offiziell gepréiften Droberoderin.

Ech géif mech freeën wann ech Iech meng Leidenschaft zum Droen méi no kéint bréngen.

Ech freeën mech op Iech.

Lynn