WEIS Chantal

Zertifizéiert: Trageschule ClauWi ®
Porter son enfant, tout un art ©
Tel.: (+352) 26 78 23 77
Inertnetsäit: http://www.droberodung.lu
Sproochen:
Coursen: bei der Droberoderin doheem, online via Internet, just Moies
Adress: 21, rue Jacques Santer
L-6139 Junglinster
map

Mäin Numm ass Chantal Weis. Ech sinn Mamm vun 4 Meedercher, gebuer 01/2008, 06/2010, 02/2013 an 04/2015. A méngem “fréiere Liewen”, ier ech Mamm ginn sinn, war ech Léierin am Modulaire. Lo sinn ech Mamm doheem an engagéieren mech bénévole an diversen Associatiounen an maachen Droberodungen.

Fir d'Gebuert vun mengem Eelsten hunn mir en Droduch geschenkt kritt. No e puer Wochen hunn ech mech getraut dat klént Wiesen dran ze huelen. Er war eng Révélatioun: hatt war roueg an ech hat béid Hänn fräi. Vun do un huet d'Droduch ons iwwerall hin begleet.

Wou mäin Zweet op d'Welt komm ass, hunn ech en méi e kuerzt Duch kaaft fir hatt op de Réck ze huelen. Vun do ons war ech lancéiert. Aner Hiersteller, Muster, Wiewarten a Materialien ausprobéieren, aner Bindeweisen, verschidden Drohëllefen... D'Entscheedung war schnell geholl fir d'Ausbildung zur Droberoderin ze maachen. 2011 hunn bei ClauWi de Grundkurs gemaach, Zertifikat 2012 an fir mech weider ze bilden an mäin Horizont ze erweideren 2014 d'Ausbildung bei PSETUA a Frankräich.